1ste Weekend vum Arbitrage #norefnogame

Léif Sportsfrënn,

Dësen Weekend steet besonnesch am Zeechen vun den Arbitteren, déi oft am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn an deenen hir heiansdo onpopulär Decisiounen oft kritiséiert ginn, mol zu Recht, mol zu Onrecht.

De Sport brauch awer all seng Acteuren an zu deene gehéieren och d’Arbitter, déi sech Match fir Match de Kritike vun de Sportler, de Veräinsresponsabele an de Spectateure stellen an op eng neutral Manéier derfir suergen, dass e Match sou gerecht wéi méiglech iwwert d’Bühn ka goen.

Keen ass perfekt an net all Decisioun ass ëmmer richteg, mee et soll ee probéieren a géigesäitegem Respekt mateneen ëmzegoen an de Lëtzebuerger Sport esou op eng fair a konstruktiv Manéier weider ze brengen.

D’Arbitteren vum Basketball, Handball, Volleyball, Football an Dëschtennis.

Kommentar hannerloossen