Programm vum Recyclage am September 2017

Programm vir de Cadre a Cadre élargi

  • Freides, 15 September 17 vun 19h00 – 20h00:

E-Test théorique online. Dësen Test (op Englesch) maacht der ONLINE doheem oder wou der grad sidd. De Dan Kerschen schalt den Test fräi de Freide, 15 September um genau 19h00 a mécht en um 20h00 erëm zou. Dir huet also eng Stonn Zäit den Test ze maachen. D’Froe sinn aus den 250 bekannte Froen, déi op ADABL.ORG publizéiert sinn. Dir kënnt nëmmen eng Kéier eng Äntwert uklicken. Duerno ass déi Fro gespaart. D’Froe mussen awer net der Réi no gemaach ginn. Wa Froe wéinst dem Online Test sinn, mëllt iech bei Dan Kerschen (dan@kerschen.lu)

  • Samschdes 16 September 17 (BELVAL)

09h00 – 11h15: Cours

11h15 – 12h00: Test physique (Shuttle – Test)

  • Sonndes 17 September 17 (BELVAL)

09h00 – 12h00: Cours

Traineren a Kommissären sollen och een Dag kommen. Ech weess awer nach net wéini.

  • Méindes, 18 September 17 (COQUE-Amphi)

19h00 – 21h00: Regelännerunge fir Saison 17/18 fir all d’Arbitteren, déi de 4 September verpasst hunn.

De Plan d’Accès vum Lycée Belval:

Programm fir all d’Arbitter

  • Méindes, 18 September 17 (Coque – Gymnase an Amphitheater)

19h00 – 21h00: Regelännerungen fir Saison 17/18 fir all d’Arbitteren, déi den 4 September verpasst hunn

  • Woch vum Méinden, 18 September bis Samschden 23 September 17

E-Test théorique online. Dësen Test (op Englesch) maacht der ONLINE doheem oder wou der grad sidd. De Dan Kerschen schalt den Test fräi fir déi ganz Woch bis Samschden 12h00. En Kéier den Test ugefaangen, huet dir eng Stonn Zäit, déi 25 Froen ze beäntwerten. D’Froe sinn aus den 250 bekannte Froen, déi op ADABL.ORG publizéiert sinn. Dir kënnt nëmmen eng Kéier eng Äntwert uklicken. Duerno ass déi Fro gespaart. D’Froe mussen awer net der Réi no gemaach ginn. Wa Froe wéinst dem Online Test sinn, mëllt iech bei Dan Kerschen (dan@kerschen.lu).

Et ass och en däitschen an e franséischen Test disponibel, mee déi Froen sinn anerer wéi déi am engleschen Test. Am Prinzip vun dësem Link.

  • Sonndes 24 September 17 (Coque – Gymnase an Amphitheater)

08h30 – 09h45: Test physique – Gymnase Coque – dernier départ 09h30

10h00 – 12h00: Cours

Kommentar hannerloossen