Loading...

AdABL vum 30/05/2018

Hei fannt der de Rapport vun eiser leschter Sëtzung.

Präsent : FONSECA Manuel, GLOD Patrick, HENGEL Fernand, JAAS Tom, KERSCHEN Dan, MEISCH Luc, MOUTON Marc, OLINGER Patrick, ROETTGERS Claude, STEFFES Alain, WEIWERS Lynn, WEIWERS Pascale, WOLZFELD Georges

Entschëllegt: SCHOLER René

a. Compte rendu de la dernière réunion à approuver

ràs

b. Organisation AGO

  1. menu: De Präis fir de Buffet an d’Gedrénks ass fest. De Programm hu mer décidéiert e bësse méi spéit unzefänken: vun 10h00 bis 12h00 (wéinst dem Brunch am Restaurant). D’Iesse wier eréischt géint 12h30.
  2. cadeaux: Et gëtt kontrolléiert, wien e Kaddo kritt. Et ginn Dicher mam neie Logo bestallt.
  3. visite: Déi läscht Détailler bléiwen ze klären
  4. Invitatiounen: An der Woch vum 4.6. gëtt d’Invitatioun eraus geschéckt.

c. Feedback « 50 Joer ADABL »

  1. Mir hunn eis fir 1 Dréckerei entscheed. D’Buch ass déi gréissten Aarbecht. D’Séance académique ass am Park Hôtel. D’Luxembourgeoise ënnerstëtzt eis fir dëse Projet. D’Veräiner ginn eenzel ugeschriwwen, fir ze froen, wien nach Material huet.
  2. Eegenen Compte: Et feelt eng läscht Ënnerschrëft fir dee Compte opzemaachen.

d. Contrats Sponsoring

Luxembourgeoise huet op 3 Joer verlängert. Mir waarden op e RDV mam Responsable vun der Autopolis.

e. Stock/Caisse

  1. Caisse: Mir kontaktéieren d’Kasseréviseuren a kontrolléieren, wien d’Memberskaart bezuelt huet.
  2. Nouveau tricot: Mir proposéieren e Redesign vum Trikot vum Kader a froen G-Art fir en Design.
  3. Polos: Mir froen G-Art och fir e Polo am Design vum 50e Anniversaire.
  4. Trolley, Sacoche a Rucksack fir all Arbitter kënne bei G-Art extra bestallt ginn. Mir kënnen déi Saachen eenzel bestellen.

f. Nouveaux projets (Idées, visions, …)

Mir iwwerlëen eis, wat fir eng aner Projets mer kënne an Zukunft starten kennen a sinn fir all Idee op.

g. Règlementation GDPR

Mir diskutéieren d’Implikatiounen fir eis Asbl.

h. Enregistrement RCSL

Mir hunn d’Androhung am Register gemaach.

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News