Loading...

Commission des Arbitres vum 30/05/2018

Hei fannt der de Rapport vun eiser leschter Sëtzung.

Präsent : FONSECA Manuel, GLOD Patrick, HENGEL Fernand, JAAS Tom, KERSCHEN Dan, MEISCH Luc, MOUTON Marc, OLINGER Patrick, ROETTGERS Claude, STEFFES Alain, WEIWERS Lynn, WEIWERS Pascale, WOLZFELD Georges

Entschëllegt: SCHOLER René

a. Compte rendu de la dernière réunion à approuver

ràs

b. Statistiques Saison 2017/18

1 Kandidat zielt fir säi Veräin duerch seng Präsenz an de Coursen.

c. Cours de recyclages septembre 2018

  1. Organisation et divers: Datumer si festgeluecht ginn, Rdv mat de Coachen ass den 2. September 2018, déi aner Détailler ginn an der Instrukterversammlung geklärt.

d. Examen Cycle inférieur (CI)

Verschidde Kandidate mussen en Examen maachen, anerer mussen de Stage verlängeren.

e. Suivi lettre Trib. Fédéral

Eis Uléies ginn an der Statuttekommissioun diskutéiert. Mir schwätzen iwwer Appell an Zukunft maachen. D’Strofe sollte méi héich ausfalen. Eis Rapporten mussen an Zukunft méi détailléiert sinn. Déi Affär muss nach eng Kéier am Conseil d’Administration diskutéiert ginn.

f. Non-paiement d’arbitres

  1. Communication à faire: 3 Veräiner hu Problemer d’Rechnungen ze bezuelen. Falls dat net besser klappt, mussen déi Rechnungen un d’Fédératioun goen, déi se da virstrecken an vum Club zeréck froen.

g. Feedback FLF/FLH/FLVB/FLTT/FLBB et autres fédérations

  1. Video interview: Ënn Juni ginn déi verschidden Produktiounen präsentéiert. D’Kampagne geet an Zukunft an d’Direktioun vum Recrutement.

h. Feedback: Réunion FLBB/CA

Projet “10” ass gutt ukomm bei der Fédératioun.

  1. 3×3 ass de 7 juillet 2018: Mir hunn deen Dag AGO. Mir froen no, ween sech giff bereet erklären, fir dohi päifen ze goen.
  2. Formatioun – arbitres 3×3: Et ginn elo 3×3-Fiba-Lizenzen. D’Fiba organiséiert och Stagen fir déi Formatioun. Mir informéieren eis fir Instrukter ze fannen.

j. Nouvelle admission(s)

1 neien Arbitter huet sech gemellt fir päifen ze goen.

1 Arbitter huet missten aus professionelle Grënn démissionnéieren.

i. Tour de table, propositions et divers

De Gréngewald organiséiert eng Coach-Clinic, wou mir och kéinten higoen.

Déi Arbitter aus dem Kader, déi just 1 mol de WE ginn, sollen och mindestens 10 Jugendmätcher päifen.

Mir proposéieren den Arbitre honoraire fir de Patrick Olinger (2156 matchs).

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News